jobs.lu




02/09/16


jobs.lu um RTL Jobdag


JobdagDe 22. September war et erëm sou wäit, de 17. RTL Jobdag gouf an Zesummenaarbecht mat RTPH zu Bartreng an der City Concorde organiséiert. Niewent ville grousse Lëtzebuerger Entreprisen war och jobs.lu des Kéier erëm op der Plaz, vir d’Kandidate bei hirer Sich no enger neier professioneller Erausfuerderung ze ënnerstëtzen.

Kandidaten, déi op der Sich no enger fester Plaz oder engem Stage sinn, konnte sech um Jobdag iwwert aktuell Jobofferen an Entreprisen informéieren a mat bësse Chance souguer hiren zukünftege Patron begéinen.

Jobs.lu war präsent, vir de Participanten den Gebrauch an d’Funktionalitéite vun hirem Site ze erklären. D’Kandidaten hunn ënner anerem geléiert:

• En Profil ze erstellen, dësen ze vervollstännegen a vir d’Recruteure visibel ze maachen
• Sech vir d’Job Alert ze registréieren, vir passend Plaze bequem per E-mail geschéckt ze kréien
• Sech direkt a mat nëmmen e puer Klicken via de Site ze bewerben


Jobdag
22. September 2016 vun 8 – 18h.
City Concorde, Bartreng



 
 Read more News

jobs.lu celebrated its 10th
   anniversary

Die Perspektiven für junge
   Hochschulabsolventen auf dem
   Luxemburger Arbeitsmarkt

Les attraits de la diversité

Die Berufsperspektiven im
   industriellen Sektor in
   Luxemburg