Return to Job Search Shortlist job Shortlisted Job

RESPONSABEL/EN FIR ËMWELT, ENERGIE AN NOHALTEGT WUNNEN (m/w/d) (32-40 St. CDI)

Mouvement Ecologique Asbl
Location:
Luxembourg
Payment:
non communiqué
Last updated:
24 October 2026
Contract Type:
Permanent
Hours:
Full Time,Part Time
Report this job - in new tab

Job Description

DIR

  • wëllt Iech mat Ärem Fachwëssen aktiv engagéiere fir Biodiversitéit an Naturschutz, esouwuel am urbane Raum wéi och op
    landwirtschaftlech genotzte Flächen
  • hutt eng Ausbildung an den Natur-, Ëmwelt- oder Agrarwëssenschaften (Universitéit / Fachhéichschoul; min. Bac +3).
     

DIR:

  • sidd gesellschaftspolitesch an un enger nohalteger Entwécklung interesséiert
  • identifizéiert Iech mam Engagement an der Aarbecht vun enger Ëmwelt-ONG a sidd bereet Iech aktiv mëttel- bis laangfristeg an enger éierenamtlech baséierter ONG anzebréngen
  • hutt Initiativgeescht, Analysefäegkeet vu gesellschaftlechen a politesche Prozesser an Interessi Iech fir zukunftsorientéiert Reformen anzesetzen
  • sidd teamfäeg a flexibel, moderéiert a begleet gäre Gruppe vun éierenamtlech engagéierte Leit
  • verstitt Lëtzebuergesch, hutt gutt Sproochekenntnisser am Däitschen, Franséischen an Engleschen an entspriechend redaktionell Kompetenzen
  • Sproochen (D/EN/F/L): fléissend geschwat / ganz gutt Fäegkeeten an der Redaktioun vun Texter (D/F/EN vu Virdeel)
  • hutt schonn eng gewësse Beruffserfarung an de genannte Beräicher an / oder hutt Iech schonn doran engagéiert.
     

ÄR KONKRET AARBECHT:

  • Koordinatioun vun den Aktivitéiten an dem jeeweilegen Themeberäich / Matwierken un inhaltlechen an administrativen
  • Dossieren (Aarbechtsgruppen, Verwaltungsrot, mat Acteuren aus dem Secteur)
  • Verfaasse vu fachleche Positiounen an de jeeweilegen Themeberäicher
  • Organisatioun vu Fachseminairen, Ëffentlechkeets-Aktiounen a Berodungs- a Sensibiliséierungsprojet’en
  • Kontakter mat politeschen a professionellen Acteuren, och an internationalen Netzwierker
  • Bereetschaft an de Medien opzetrieden.
     

Wat mir bidden:

  • D‘Méiglechkeet de Mouvement Ecologique matzeprägen a Verantwortung an der Entwécklung vun der Organisatioun mat
    ze iwwerhuelen
  • Eng lieweg Diskussiounskultur an enger engagéierter Organisatioun
  • E villfältegen Aarbechtsberäich
  • Eng dynamesch haapt- an éierenamtlech Equipe.
     

Schéckt Är Kandidatur mat CV a Motivatiounsbréif bis de 9/11/2026 un Mouvement Ecologique asbl
6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg - oder via Jobs.lu


Apply for this job

You are just a few steps away

Please enter your email

Attach a CV to your application

You are applying with CV:
No CV attached

OR

    • Browse device

Make your CV visible to recruiters in the Jobs.lu CV database?

Are you legally authorized to work in the European Union?

 By clicking Send Application I agree to the jobs.lu terms & conditions, and agree to allow jobs.lu to share the information in this application with Mouvement Ecologique Asbl