house rules

Reglement fir d’Publikatioun vun Annoncen

Reglement fir d’Publikatioun vun Annoncen

Des Regelen sinn virgesinn, fir all Employeuren eng faire Chance ze ginn an Kandidaten dobäi ze ënnerstëtzen, op méiglechst einfach Aart a Weis seng ideal Annonce ze fannen.

    • Den Titel vun der Annonce gëtt den Inhalt vun der Annonce erëm bzw. faasst se zesummen (nëmmen eng Positioun pro Annonce!). Et hëlleft kengem, wann den Kandidat fir d’éischt op d’Annonce klicken muss fir dann festzestellen, datt se awer net deem entsprécht, wat an am Titel stoung.
    • Keng inflationär Benotzung vun GROUSSBUCHSTAWEN oder +++Sazzeechen!!!!!! Et wierkt onprofessionell an schreckt of.
    • Annoncen däerfen net méi heefeg wéi eng Kéier an der Woch aktualiséiert ginn ab dem Datum vun der Publikatioun. Doduerch gëtt verhënnert, datt d’Kandidaten Annoncen kréien, déi schlëmmstenfalls net méi aktuell sinn.
    • Annoncen däerfen nëmmen eng Kéier an den Leschten vertrueden sinn, Et bréngt Iech näischt, wann dir eng Annonce matt verännertem Wuertlaut gläichzäiteg nach eng Kéier publizéiert.
    • Loosst Är Annonce auslafen, soubal d’Plaz besat ass. (Oder sot eis Bescheed, dann këmmeren mir eis dorëmms.)
    • Wann Dir eng Annonce schalt, just fir Liewensleef ze sammelen, ouni datt Dir tatsächlech eng Plaz ze besetzen hutt, dann deelt dat den Kandidaten an der Annonce onbedéngt matt!
    • Wann op Grond vun der Bewerbung Käschten op den Kandidat duerkommen, muss Dir dat an der Annonce bekannt ginn an och verdäitlechen!
    • Et läit an der Verantwortung vum Employeur, datt seng Annonce an der richteger Kategorie verëffentlecht gëtt. Kontrolléiert dat zum Schluss gewëssenhaft. Benotzt och d’Kategorie “Verschiddenes” net ouni Grond.
    • Vermeid och den Gebrauch vun allgemengen Plazenbeschreiwungen wéi “Zäitaarbecht” oder “Droit,Droit, Droit”. Och dat wierkt onprofessionell an verhënnert, datt sech déi gewënschten Kandidaten bei Iech mellen.
    • Är Emailsadress soll weder am Titel nach an der Annonce stoen. Dofir hunn mir eng Plaz an der Firmenbeschreiwung virgesin. Wann Dir besonnesch Ufuerderungen hutt, schwätzt matt eis. Mir fannen bestëmmt eng Léisung.
    • Wielt just déi Regioun aus, an där Är Plaz och tatsächlech ze verginn ass. Wielt keng Regioun aus, déi an der Géigend läit. Wann dir eng Plaz zu Lëtzebuerg hutt, dann wielt “Lëtzebuerg” aus an net “Däitschland-Saarland” oder eng aner Regioun. Och dat kann verhënneren, datt sech den geegneten Kandidat bei Iech mellt.